Eis gebaute Welt, Kanner sensibiliséieren fir hier gebauten Ëmwelt vu gëschter, haut a muer (Verdéiwungsworkshop)
(Code : D2-b-44)
Kontext / Contexte
Des Formatioun bitt Platz an Zäit fir Austausch ënner Enseignant/en ronderëm dem Script-Projet „Eis gebaute Welt“. Ausserdeem gi verschidden Thematiken ewéi z.B. Evaluatioun, Schülerfeedback a Classroommanagement verdéift.
Zesumme kommen Enseignant/en, déi schonns Missiounen um Terrain ëmgesat hunn an Enseignant/en, déi nei beim Projet dobäi sinn.
De Potential vun der gebauten Ëmwelt fir d‘Ausbildung vun de Kanner gëtt verdéift an a Verbindung mat Léierprogrammer gesat (z. B. formation à la citoyenneté, éveil aux sciences, d’Mathematik, d’Sproochen oder d'éducation artistique).
Bei dësem Formatiounszyklus kann d‘Léierpersonal vun enger personaliséierter Begleedung bei de Virbereedunge fir d‘Emsetzung vun de Missioune profitéieren. Et besteet och nach d’Méiglechkeet vun enger punktueller, spezifescher Begleedung um Terrain duerch d‘Formatricen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D’Enseignanten/-eën
- hunn allgemeng Kenntnisser a Verständnis vu folgenden Notiounen: „Gebauten Ëmwelt“, Architektur
- verstinn de Sënn an de Notze vun der Sensibiliséierung fir di gebauten Ëmwelt an der Schoul
- kennen de Konzept, d’Zieler an d’Methodologie vun de pädagogeschen Aktivitéite vum Projet „Eis gebaute Welt“.
Savoir-faire
D’Enseignanten/-eën
- kënnen Sensibiliséierungsaktivitéite fir di gebauten Ëmwelt, am spezifesche Kontext vun hirer Klass, plangen, virbereeden an ëmsetzen
- passen sech klassen- a schülerspezifesche Bedürfnisser un, schaffen differenzéiert a bauen op Virwësse vun hire Schüler/-innen op
- maache Verbindungen tëschent der gebauter Ëm an de Schoulfächer (z. B. Mathematik, éveil aux sciences, Sproochen, Konscht, vie et société)
- fërderen an hirer Klass kooperativ Léiersituatioune ronderëm d’Thematik vun der gebauter Ëmwelt
- reege reflexiv a kreativ Momenter bei hire Schüler/-innen un
- profitéiere vun der Méiglechkeet fir mat Enseignanten/-eën aus anere Schoulen a Regiounen zesummenzeschaffen an en Austauschnetzwierk opzebauen.
Haltung
D’Enseignanten/-eën
- kultivéiere Virwëtz fir di gebauten Ëmwelt
- werfen en oppenen a kritesche Bléck op di gebauten Ëmwelt
- schaffe mat Peers zesummen, tauschen sech aus a léiere vuneneen
- reflektéieren hiert Schoulhalen am Kader vun der Sensibiliséierung fir di gebauten Ëmwelt.
Inhalt / Contenu
D‘Thematik vun der éischter Seance ass di praktesch Ëmsetzung vun de Schülermissiounen, an der Klass esou wuel ewéi dobaussen. Jidderee kann sech Gedanken iwwert d‘Emsëtzung mat senge Schüler/-inne maachen, an seng Erwaardungen a Bedürfnisser matdeelen. Gezielten Thematiken (ewéi z. B. Classroommanagement, Evaluatioun) gi verdéift. D’Planung vun der praktescher Ëmsetzung gëtt unhand vun dëse Schwéierpunkte beschwat. Jee no Bedarf, kënne verschidde Schülermissiounen um Terrain ausprobéiert ginn.
Tëschent der éischter an der zweeter Seance, setzt jiddereen ausgewielte Missioune mat senger Klass em. Ob Ufro kënnen d’Formatricen eenzel Gruppe begleeden.
Déi zweet a lescht Seance bitt en Austausch iwwert déi erlieften Erfarungen um Terrain un. Ausserdeem gëtt un der Weiderféierung vum Projet geschafft: Vernetzunge vu Schoulklassen, gemeinsam Ausflich an Ausstellungen an nach weider spannend Iddie ginn entwéckelt an diskutéiert. Bei Interessi vun den Enseignanten/-eë gëtt d’Ëmsetzung ugeduecht.
Des Seance fënnt op enger Platz am Land statt, déi de Grupp sech am 2. Workshop eraussicht. Dëst soll et erméiglechen, nei Platzen am Land kennenzeléieren an des als ausserschoulesche Léierplaz ze erfuerschen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Presentatioun, questions-réponses
- individuell an kollektiv Reflexiounen
- Expérimentatioun um Terrain
- Analys, Feed-back an Evaluatioun
- Echange a Mise en réseau
- Methoden fir den Transfert an d'Praxis.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Martine Bintner, professeure-architecte, Lycée Josy Barthel Mamer
Nadine Brix, professeure-architecte, Lycée Josy Barthel Mamer
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | les samedis 7 mars et 16 mai 2020 de 9 à 13 heures |
Lieu : | IFEN Walferdange - eduPôle - bâtiment 6 - et lieu extérieur à définir par les participant/e/s |
Nombre max. de participants : | 10 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation annulée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant des cycles 3 et 4 |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois, français, allemand |
---|---|
Prérequis : | Participation à la formation D2-b-32 : Eis gebaute Welt, vu gëschter, haut a muer (2018/2019) |
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |